Disclaimer: D'Äntwerte vun de Parteie goufe vu mir ouni Gewiichtung bei #Smartwielen aginn. Et ass dofir natierlech méiglech, datt et bei den ënnerschiddleche Kandidat*innen zu Oofwäichunge vun hirem eegene Resultat mat hirer Partei kënnt.
Fir méi genau Berechnungen zur Fro ze maachen wéi "no" oder "wäit" d'Lëschten insgesamt vun hirer Partei sinn, hätt ech mer vill méi Zäit missen huelen. Dat war et mer dann awer net derwäert. #luxpol
D'Ahmedova ass awer net déi Deputéiert mat der kléngster Iwwerschneidung mat hirer Partei.
Déi 'Éier' gehéiert dem Félix Eischen (Süden) mat 63,7%, deen domadder just knapp méi schlecht ofschneit ewéi säi Co-Deputéierten de Michel Wolter (Süden). Allen Zwee vun der CSV. #luxpol #Smartwielen
Déi Partei wou d'Kandidat*innen insgesamt am nosten un der Partei leien, gemooss un der Iwwerschneidung vun der 'schlechtester' Kandidat*in pro Bezierk sinn déi gréng. Hei huet d'Amra Sabotic (Süden) mat 58,7% déi mannsten Iwwerlappung.
Interessant bei déi gréng ass awer och déi relativ kleng Iwwerschneidung vun der Deputéiert Semiray Ahmedova (Süden) mat 'just' 64,6%. #luxpol #Smartwielen
Ech hunn d' #Smartwielen-Äntwerte vun de Parteien déi aktuell an der Chamber setzen nei aginn an dobäi sinn e puer interessant Resultater erauskomm.
Vun alle Kandidat*innen huet d'Jana Brück (Süden) vun der adr am mannsten Iwwerschneidung mat hirer Partei, nämlech insgesamt just 41%. #luxpol
Wéi langweileg sinn eigentlech déi Kandidat*innen, déi einfach der Partei hir Äntwerten am #Smartwielen iwwerholl hunn? Oder huet d'Partei d'Äntwerte vun hirem Spëtzekandidat iwwerholl? Looking at you, Xavier. #luxpol
„Wer ist Sven Clement? Und wenn ja: wie viele?“ #luxpol #piraten https://www.reporter.lu/luxemburg-portraet-sven-clement-opportunist-aus-ueberzeugung/
Am Staatsrot gett et vill Potential fir Interessekonflikter, weist d‘Enquête vum Charlotte Wirth. De krassesten Fall ass deen de vum Lucien Lux (LSAP) matt ganz enge Lienen zum Flavio Becca. Dat weist e konkret Beispill. #luxpol https://www.reporter.lu/luxemburg-interessenkonflikte-im-staatsrat-die-obskure-koerperschaft/
Ass dat elo ee Ruff fir manner Ministeschposten an der nächster Regierung, oder awer fir méi? #luxpol
De Klimachampion, deen allem hannendrun leeft - mäi Bilan zur Klimapolitik säit 2018: #luxpol https://www.reporter.lu/luxemburg-bilanz-klimapolitik-blau-rot-gruen-hohe-ziele-verschleppte-entscheidungen/
Ech fanne bei der LSAP den „sozialistesch“ nach méi absurd wéi dem Aarbechter. #luxpol
Et ass erschreckend, wéi schlecht d’Walprogrammer sinn. Bis elo alleguer wäit iwwer 100 Säiten.
Dovun gehéieren 80% net a an e Walprogramm – Saachen, déi einfach an net ëmstridde sinn, kann een och einfach maachen – z.B. Pedelecs45 op Vëlospisten erlaaben.
Dofir feelt awer d’politesch Visioun. Wat sinn d’Ziler? Wat sinn wierklech d’Prioritéiten? #luxpol
Rietsextrem Lidder liken? De Roy Reding weess zwar net em wat et geet, mee et ass ganz an der Réi.
Dat gett spannend fir de September… #luxpol
Wat hunn ech verpasst?#luxpol
https://www.wort.lu/politik/sachlich-und-fair-geht-anders/2427727.html
Et déit sech ëmmer méi Blo-Rout-Gréng 3.0 un. Mee sou einfach ass dat och net. D‘Analys vum Christoph Bumb. #luxpol https://www.reporter.lu/luxemburg-analyse-wahlkampf-blau-rot-gruen-3-0/
Wéi passt dat do eigentlech zesummen? #luxpol https://www.wort.lu/luxemburg/fuer-das-jahr-2023-sind-rekordinvestitionen-in-hoehe-15-millionen-euro-vorgesehen/1189245.html
https://100komma7.lu/article/aktualiteit/zu-schieren-entsteet-deen-eischte-co-working-zenter-vum-staat
D‘Revis-Reform soll Betraffenen en Trampolin statt enger Matrass ginn - wéi am DP-Sprech heescht. Mee et huet just nei Problemer geschaaf an d‘Corinne Cahen huet e schlechte Bilan opweises. #luxpol https://www.reporter.lu/luxemburg-revis-reform-das-ernuechternde-erbe-der-corinne-cahen/