Disclaimer: D'Äntwerte vun de Parteie goufe vu mir ouni Gewiichtung bei #Smartwielen aginn. Et ass dofir natierlech méiglech, datt et bei den ënnerschiddleche Kandidat*innen zu Oofwäichunge vun hirem eegene Resultat mat hirer Partei kënnt.
Fir méi genau Berechnungen zur Fro ze maachen wéi "no" oder "wäit" d'Lëschten insgesamt vun hirer Partei sinn, hätt ech mer vill méi Zäit missen huelen. Dat war et mer dann awer net derwäert. #luxpol
D'Ahmedova ass awer net déi Deputéiert mat der kléngster Iwwerschneidung mat hirer Partei.
Déi 'Éier' gehéiert dem Félix Eischen (Süden) mat 63,7%, deen domadder just knapp méi schlecht ofschneit ewéi säi Co-Deputéierten de Michel Wolter (Süden). Allen Zwee vun der CSV. #luxpol #Smartwielen
Déi Partei wou d'Kandidat*innen insgesamt am nosten un der Partei leien, gemooss un der Iwwerschneidung vun der 'schlechtester' Kandidat*in pro Bezierk sinn déi gréng. Hei huet d'Amra Sabotic (Süden) mat 58,7% déi mannsten Iwwerlappung.
Interessant bei déi gréng ass awer och déi relativ kleng Iwwerschneidung vun der Deputéiert Semiray Ahmedova (Süden) mat 'just' 64,6%. #luxpol #Smartwielen
Ech hunn d' #Smartwielen-Äntwerte vun de Parteien déi aktuell an der Chamber setzen nei aginn an dobäi sinn e puer interessant Resultater erauskomm.
Vun alle Kandidat*innen huet d'Jana Brück (Süden) vun der adr am mannsten Iwwerschneidung mat hirer Partei, nämlech insgesamt just 41%. #luxpol
Wéi langweileg sinn eigentlech déi Kandidat*innen, déi einfach der Partei hir Äntwerten am #Smartwielen iwwerholl hunn? Oder huet d'Partei d'Äntwerte vun hirem Spëtzekandidat iwwerholl? Looking at you, Xavier. #luxpol
De #Smartwielen trëfft meng Parteipräferenz mol zimlech genee (11mol an den Top 12 😯).
MEE: D'Froen sinn éischter suboptimal, well oft ze vill spezifesch. Z.B. kann een a punkto ëffentlech Sécherheet/Uerdnung e gewëssen Handlungsbedarf gesinn, mee Kameraen a kommunal Police fir grondfalsch Approchen halen. (Méi mënschlech Präsenz ass gefrot, mee ouni Kompetenzgerangel oder Buergermeeschterallmuechtfantasien.)
Gefrot gëtt awer just no dësen zwou spezifesche Pisten an net zum generelle Sujet.
Yep, Netzpolitik ass zu Lëtzebuerg richteg wichteg. Krut genau esou vill Froen ewéi d'Mobilitéit am #Smartwielen. Nämlech 0. (Nee, di Fro zu de Subventioune fir elektresch Autoen zielt net.)
Ech soll gréng wielen, seet mer de System.
Den net-grénge Kandidat mat der héchster Iwwerdeneestëmmung am ganze Land ass den @MCKitkat182 :D
An dofir, datt d'Piraten zimlech wäit vu mir fort sinn (scho krass iergenswéi) misst ech de @jerryweyer trotzdem wielen 👍