Michel Thiel · @memegrinder
210 followers · 1045 posts · Server masto.ai

Dee Mann ass Zen.

#letzebuerg #walen23

Last updated 1 year ago

Klotiii · @klotiii
171 followers · 843 posts · Server mastodon.opencloud.lu

Mir hunn als Gréng zu versicht och e bëssen inhaltlech Walkampf op Facebook ze maachen. Wahrscheinlech net genuch, mä déi aner 3 Parteien hunn et guer net mol probéiert.

Gespaant, ob et eppes bruecht huet oder et awer méi clever ass just op Käpp ze setzen. Fir e puer Diskussiounen hu se op alle Fall gesuergt ^.^

(D'Bild mat der Foussgängerzon kënnt réischt muer, ass also Weltpremière hei.)

#walen23 #gw23 #ettelbreck

Last updated 1 year ago

Klotiii · @klotiii
169 followers · 660 posts · Server mastodon.opencloud.lu

Yey!
Säit gëschter géint 3 Auer sinn ech ganz offiziell mol nees eng Kéier Kandidat bei enger Wal, an dat zu
Si jo och scho rëm 10 Joer hir säit dem dat déi leschte Kéier de Fall war. Deemols gouf et duerno ee Wiessel, hoffe mer dee gëtt et dës Kéier och :)

Hunn och endlech meng zwou Fotoe krut @pitwenkin @Punk_Frog 😋

#walen23 #ettelbreck

Last updated 2 years ago

Michel Thiel · @memegrinder
98 followers · 80 posts · Server masto.ai

De Walprogramm vun der , laut hirem site. Ça promet...

#adr #letzebuerg #walen23

Last updated 2 years ago

Klotiii · @klotiii
164 followers · 290 posts · Server mastodon.opencloud.lu

Floskelen, déi ech dëst Joer net méi héieren/liese wëll: "D'Gemengewale sinn d'Generalprouf fir d'Chamberwalen!"

Nee, sinn se eben net.

#luxpol #walen23

Last updated 2 years ago

Klotiii · @klotiii
163 followers · 286 posts · Server mastodon.opencloud.lu

Hunn haut direkt nach eng Kéier misse goen, well ech gëschter net genuch Flyere fir meng Route derbäi hat 😅

Freeë mech elo schonn op d'Kommentarer à la "Wisou krut ech dat a meng Boite, wann ech dach 'Keng Reklamm wgl.' drop peschen hunn". Ass meng Liiblingsdiskussioun a Walkampfzäiten ^.^

#letzebuerg #walen23

Last updated 2 years ago

Klotiii · @klotiii
163 followers · 286 posts · Server mastodon.opencloud.lu

Mam éischte Verdeele vu Flyeren huet dann och fir mech d'Superwaljoer zu ugefaangen. Gespaant wéi vill Tier nach derbäi komme wäerten 😋

#walen23 #letzebuerg

Last updated 2 years ago

Klotiii · @klotiii
153 followers · 195 posts · Server mastodon.opencloud.lu

Kuckt iech mol d'Resultater vun der LSAP am Osten an am Zentrum un, an da sot mir, ob et Sënn fir d'LSAP mécht an engem vun deenen zwee Bezierker d'Lenert untrieden ze loosse fir Premier ze ginn.

Ech géing et jo am Süden untriede loossen. Du geess dem Bettel aus dem Wee, du kanns am meeschte Sëtz bäigewannen an du hues eng serieux Chance als staarkste Partei am gréisste Bezierk an d'Verhandlungen ze goen.

Wéi gesidd dir dat?
wort.lu/de/politik/franz-fayot

#walen23 #luxpol

Last updated 2 years ago